Maxi:

 
Ech sinn eng passionéiert Journalistin an engagéiert Mamm vun engem klenge Meedchen. Wéi ech Mamm gi sinn, hat ech d'Iddi, meng Kompetenzen am Journalismus mat menger Experienz als Mamm ze verbanne fir e Projet ze kreéieren, dee mir um Häerz läit: de Podcast '1000Deeg'.

 

 

 

 

 

 

Firwat '1000Deeg'?

 

Ni méi am Liewen entwéckelt d'Gehier sech an esou enger Vitesse wéi an den éischten 1000 Deeg. Et ass eng kruzial Zäit fir eise Kanner hier physesch, kognitiv an emotional Entwécklung. Andeems mir d'Leit iwwer dës Period opklären, kënne mir d'Base fir eng Zukunft leeën, an där all Kand d'Chance huet, sech voll a ganz z'entfalen. Mat dësem Podcast wëll ech Äntwerten op eis Sich no enger nohalteger a gerechter Zukunft fir jidderee proposéieren. Duerch Interviews mat Experten a Betraffenen aus ville Beräicher wéi Psychologie, Medezin, Wëssenschaft a duerch Temoignagen entdecke mir Problematiken an diskutéiere Léisungen. 
 
 

Meng Ziler: 

 

  • Informéieren an Opklären: Ech bidden essentiell a praktesch Informatiounen un, fir déi optimal Entwécklung vun de Kanner ze ënnerstëtzen.
  • Sensibiliséieren an Influenzéieren: Ech wëll d'Opmierksamkeet vun Decideuren a Gesellschaft op d'Wichtegkeet vun den éischten 1000 Deeg lenken.
  • Ënnerstëtzen an Inspiréieren: Elteren an Erzéier kréien Rotschléi a Ressourcen, fir hinnen an dëser kritescher Period ze hëllefen.

 

 

 

 

 

Zukunftsvisioun:

 

 

Nieft dem weideren Ausbau vum Podcast '1000Deeg', plangen ech och Berodungsservicer fir Familljen an Doula-Servicer unzebidden, fir eng méi direkt Ënnerstëtzung fir Elteren a Familljen. Mäin Zil ass et, eng Entreprise ze schafen, déi e favorabele Milieu fir d'Entwécklung vun de Kanner vum éischten Daag, am Bauch schonn un, ubitt.